Welcome, Guest
Username: Password: Remember me
  • Page:
  • 1

TOPIC:

Hytera DMR-Network 7 years 5 months ago #1

  • lx2cs
  • lx2cs's Avatar Topic Author
  • Offline
  • Administrator
  • Administrator
  • Posts: 55
  • Karma: 5
  • Thank you received: 78
Salut,

säit Ufank Februar lafen d'Serveren fir Lëtzebuerg un d'Hytera Netzwierk unzebannen. An enger gudder Zesummenaarbecht huet d'DDC-Équipe dës Aufgab iwwerholl an der DVC esou den Access un dat weltwäit Netz erméiglecht.

No laangem Plangen a villem hin an hir am System, stinn e Konzept an divers Informatiounen op der DVC Säit vum LARU Site zur Verfügung. De System ass, ouni weider Informatiounen, zimmlech komplex. Dofir sollt een onbedingt d'Idee an d'Funktiounsweis verstan hunn an seng Geräter deementspriechend konfiguréieren. Aus deem Grond hei an e puer Wieder wéi den Hytera System funktionéiert:

Struktur
D'Netzwierk besteht aus verschiddestufegen Serveren, déi pro Land ageriicht sinn. Mat dëse Serveren ginn d'Hytera Repeater verbonnen, wouduerch sech eng ganz iwwerluechten regional Opdeelung ergëtt.

Talkgroups
Et ass wichteg fir hei déi richteg Gruppen ze benotzen, soss kann eventuell de weltwäite Verkéier gestéiert ginn.
De Relais gëtt grondsätzlech all Talkgroup op sech selwer eraus, do besteet kee Filter. E gëtt awer just déi Talkgroups u säi Masterserver eraus, wann dës och do fräigeschalt ass. Hei ass et noutwänneg sech um internationalen Schema ze orientéieren, wat mir mat eisem Schema och gemach hunn ( www.ham-dmr.lu ).
Am Moment sinn um Timeslot 1 d'Gruppen 1,2,9,270 an um Timeslot 2 d'Gruppen 8,9,270 fräigeschalt. Et ass rotsam och just dës Gruppen ze benotzen, well ee soss schwéier erkennt wat um Relais leeft.

Rx-Grouplists
Fir net mussen all Talkgroup an en eegene Kanal ze leeën, ginn et d'Rx-Grouplists. Eng Beschreiwung dofir gëtt et hei: RX-Grouplists .

Funkbetrib
  • Fir lokal Gespréicher gëtt weltwäit den TS9 benotzt. Dësen soll prioritär um TS2 geholl ginn. Eréicht wann deen besat ass, soll op den TG9 um TS1 geholl ginn.
  • Fir Tester vun der eegener Aussendung kann d'Talkgroup 9990 benotzt ginn. Dës zeechent déi eegen Aussendung op a spillt se duerno rëm of. Dëst geet just um TS2!
  • Dank der ADRAD ass den LX0RU testweis via eis Serveren un d'Hytera Netzwierk ugebonnen. Vunn do aus kënnen de Moment Tester gemaach ginn.

Weider Informatiounen ginn et ganz gären hei am Forum.

Vill Spaß an 73,

Christophe LX2CS
VP DVC
The following user(s) said Thank You: lx1duc

Please Log in to join the conversation.

Last edit: by lx2cs.

Hytera DMR-Network 7 years 5 months ago #3

  • lx2cs
  • lx2cs's Avatar Topic Author
  • Offline
  • Administrator
  • Administrator
  • Posts: 55
  • Karma: 5
  • Thank you received: 78
Reflektoren
Eng weider Funktionalitéit am Hytera Netz sinn d'Reflektoren. Soulaang wéi een nach keen eenzelne Relais usteiere kann, sinn d'Reflektoren ganz praktesch fir net mussen ganz Europa unzesteieren.
Säit haut huet Lëtzebuerg de Konferenzraum 430. Fir ee Relais doran ze linken, muss d'ID 430 (als Kontakt oder manuell) ugewielt ginn. De Relais signaliséiert dann, dass hien an de Reflektor gelinkt ass. An de Konferenzraum kënnen och méi wéi zwee Relaisen gelinkt ginn. Getrennt gëtt d'Verbindung automatesch no e puer Minutten Inaktivitéit. Et wier allerdings rotsam de Relais nom Gespréich erëm aus dem Reflektor ze huelen (ID: 400 fir ze trennen).

73,

Christophe LX2CS
VP DVC
The following user(s) said Thank You: lx1duc, LX1SC

Please Log in to join the conversation.

Last edit: by lx2cs.

Hytera DMR-Network 7 years 4 months ago #6

  • LX1SC
  • LX1SC's Avatar
  • Offline
  • New Member
  • New Member
  • Woody
  • Posts: 1
  • Thank you received: 0
Salut Christophe, hun dat probeiert, funzt jo, war awer keen doheem, Merci fir d'Info
LX1SC Claude

Please Log in to join the conversation.

  • Page:
  • 1
Time to create page: 0.066 seconds
Powered by Kunena Forum