Léif XYLs, YLs an OMs,
de JOTA-JOTI ass ee Weekend wou ronn 500.000 Guiden a Scouten aus der ganzer Welt iwwert Funk an Internet mateneen kommunizéieren. Dëst Joër ass de Weekend vum 16.-18. Oktober.
Et hun sech schon eng rëtsch Gruppen ugemellt an mir sichen nach ee puer Funkamteuren déi bei enger Grupp weilte mathellefen déi nach keen Amateur hunn. Am beschten ass et natierlech wann een sech als Ekipp vun 2-3 Funkamateuren zesummendeet an esou eise gemeinsamen Hobby de Guiden & Scoute méi no ka bréngen. Mir erméiglechen hinnen doduercher dësen villsäitegen Weekend ze erliewen an interessant Kontakter opzebauen.
Mir sinn also ob der Sich no Dir, ob der eng Ekipp sidd oder een Eenzelnen, fir eisen Hobby mat de Guiden & Scouten zesummen ze deelen.
Mir als Aarbechtsgrupp wëllen eng Lëscht opbauen vun Funkamateuren déi gäre bereet sinn matzemaachen, ob schonn dëst Joer oder nächst Joer!
Mellt Iech an mir si sécher all zesummen ee flotte Weekend kennen ze verbréngen.
Fir Froen wei z.B. iwwert Guiden & Scouts-Assurance fit ärt Equipement oder wei dat konkret géif ausgesinn kennt der eis zu all Moment schreiwen.
Mellt Iech also w.e.g bei eis am Kontaktformular ob
www.jotajoti.lu.
73, a bis geschwënn,
d'Ekipp vun dem "Scouting in Luxembourg" Aarbechtsgrupp Alexander Graham Bell.