Summerfest 2024

Léif Visiteuren, mir freeën eis Iech op eisem grousse Summerfest 2024 begréissen ze dierfen.

D’LARU gouf am Joer 2014 gegrënnt a stellt sech, seng Member an den Amateurfunk mat sengem Summerfest vir. Feiert mat eis dëse ronne Gebuertsdag :).

Festsall “A Mouschelt”

8. September 2024 11:00-18:00

250 Route de Fischbach, 7444 Lintgen

Parking direkt derbäi


Wat ass Amateurfunk ?

Virstellung vun eisen Aarbechtsgruppen

Virstellung vum Noutfunk

QSL-Bureau


Eis Grillekipp ass iwwer de ganzen Dag fir iech do.

Alternativ kennt dir eis Bouchée à la reine mat Fritten an Zalot reservéieren

(22€ / pro Menü – Reservatioun bis de 25.08.2024 iwwer dëse Formulaire )

Als Dessert ginn et hausgemaachte Crêpes.


Crash Cours: Certificat de base

Säit dem Joer 2024 gëtt et eng nei Lizenzklass fir dierfen um Amateurfunk deel ze huelen. Firwat net och Funkamateur ginn?

Fannt hei all d’Informatiounen: Certificat de base

De Cours fënnt Samschdeg de 7. a Sonndes den 8. September iwwert de ganzen Dag statt, eng Umeldung ass obligatoresch.


Shops

Fannt sur place de LARU Shop, en ëffentleche Floumaart, esou wéi Stänn vun eise Partner:


Aktivitéit

Spiller fir Grouss a Kleng

Clubstatioun

Ëffentlech Spillplaz a Beachvolleyball Felder